D’Zäit Fillt Sech Richteg Un


Gehetzt, gejot, gedriven … sou vill datt no all deem wat wéi eng endlos Verfollegung sech ugefillt huet, hunn ech mech endlech fonnt an de Courage ze schwätzen wéi ech elo op mäi 50. Gebuertsdag zouginn, op enger klenger Pazifikinsel.

Virun 10 Joer hunn ech decidéiert datt ech net fir ëmmer lafen kennt, an datt ech mech menger Vergaangenheet stellen muss. Ech hunn un engem Manuscript geschafft. D’Geschicht vu mengem Liewen, déi ugefaang huet am Stol Häerz vun Europa. An de fréien 70er Joeren zu Lëtzebuerg, a menger Stad, d’Stad vun mengen Virfaaren wou den Äerz regéiert huet. Dës onwahrscheinlech Geschicht ass d’Geschicht vun enger Aarbechterfamill.

Wéi ech ugefaang hunn ze schreiwen, huet et ugefaang wéi näischt anescht wéi eng Form vu Selbsttherapie. Zevill war geschitt, datt ech ni iwwer meng Lepsen brénge konnt. Awer ech kann net ignoréieren datt et geschitt ass. Et huet ugefaang an der klenger Stad vun Rodange, a wat do geschitt ass huet mech uechter menger Kandheet begleet, bis an dem Jean Asselborn seng Gemeng Stengefort.

Ech schreiwen dat net fir Gerechtegkeet ze sichen oder anerer ze veruerteelen. Wat an der Vergaangenheet ass ass an der Vergaangenheet, a mat allem Respekt et ass mir egal. Jidderee muss mat sech selwer liewen, a wann ech weidergoen well, muss ech d’Wourecht fräi ginn. Dëst geet drëm meng Wourecht un d’Liicht ze bréngen. Ech muss meng Säit vun der Geschicht erzielen. Am Alter vun #MeToo, Ikea an COVID-19 hunn sou Monsteren keng Plaz.

Et ass mat dëser Deklaratioun datt ech meng Memoiren ëffentlech maachen, well ech weess datt ech net deen eenzege sinn. An et ass un der Zäit d‘Vergaangenheet net méi ënner den Teppech ze kieren. Ech lafen net méi.

Ech schwätze lo!

Recent Content